Léif Rëmelenger,
wat sech am Schäfferot an am Gemengerot vun der Gemeng Rëmeleng ofspillt, ass net méi mat enger gesonder demokratescher Kultur ze vereinbaren. De systematesch respektlose Ëmgang vum Schäfferot mat der Oppositioun, virun allem mat de Vertrieder vun der CSV, ass e politescht Armutszeechen.
Sachlech Froen a berechtegt Kritik ginn net nëmme reegelméisseg ënnerbrach oder ofgewiergt, mee dacks och mat Arroganz, Spott oder Iwwerhieflechkeet kommentéiert. Wien net zur Majoritéit gehéiert, gëtt behandelt wéi en Onrouestëfter an net wéi e gewielte Vertrieder vun de Bierger. Dat ass net Demokratie, dat ass Muechtpolitik.
D’Oppositioun ass kee lästege Géigner, mee en onersetzleche Kontrollorgan. Wann hir Roll bewosst kleng gemaach oder lächerlech duergestallt gëtt, dann ass dat e kloert Zeechen, datt Kritik net erwënscht ass. Eng Majoritéit, déi keng Géigestëmmen erdréit, weist keng Stäerkt – si weist schwächt.
Besonnesch schwéier wiegt dobäi d’Roll vum Buergermeeschter. Amplaz seng Verantwortung als neutralen a vermëttelnde Sëtzungsleeder eescht ze huelen, entsteet ëmmer nees den Androck, datt hien dës respektlos Haltung net nëmme toleréiert, mee aktiv matdréit. Dat schaaft e Klima vu Mëssachtung an Aschüchterung.
D’Gemeng Rëmeleng huet e Recht op eng transparent, fair a respektvoll Politik. Perséinlech Uspillungen, herablassend Bemierkungen a bewosst Ignoréiere vun der Oppositioun hu keng Plaz an engem Gemengerot. Wien politesch Verantwortung iwwerhëlt, muss och d’Gréisst hunn, Kritik auszehalen.
Et ass héich Zäit, datt de Schäfferot sech erëm bewosst ginn, datt Demokratie net vum Dominéieren, mee vum Respekt lieft. Respekt géintiwwer der Oppositioun ass keng Optioun – et ass eng demokratesch Pflicht.
E Bierger aus der Gemeng Rëmeleng
