← Zeréck bei d’Meldungen

Direkt Gefor Weitergeleitet Akut Gefor

Sécherheetsproblem beim „Musée national des Mines“ zu Rëmeleng

D’Gelänner, dat op de bäigefüügte Fotoen ze gesinn ass, entsprécht menger Meenung no net den aktuelle Sécherheetsufuerderungen a stellt eng grouss Gefor fir d’Visiteuren duer. Bei engem Stuerz géint oder an dëst Gelänner besteet wéinst senger Konstruktioun de Risiko vu schwéieren, eventuell souguer liewensgeféierleche Verletzungen.