← Zeréck bei d’Meldungen

Direkt Gefor In Bearbeitung

Beanstandung wéinst enger Geforquell bei der Trap zur fréierer Schmuelspuerbunn

Heimat wëll ech op eng geféierlech Situatioun bei der Trap opmierksam maachen (24, Carreau de la Mine Walert, Rëmeleng), déi bei déi fréier Schmuelspuerbunn féiert.
D’Trapen an hir direkt Ëmgéigend befannen sech an engem desolaten a schlecht ënnerhalenen Zoustand. Besonnesch problematesch ass, datt op verschiddene Plazen Eisenstaangen ongeféier 10 Zentimeter aus dem Buedem erausragen.
Dës Eisenstaange stellen eng erheblech Gefor fir Foussgänger, Spadséiergänger a besonnesch fir Kanner duer. Eng Persoun kéint driwwer falen a sech dobäi schwéier verletzen.
D’Situatioun ass op de bäigefüügte Fotoen däitlech ze erkennen.
Ech bieden déi zoustänneg Servicer, dës Geforquell esou séier wéi méiglech ofzesécheren an déi néideg Reparatur- an Ënnerhaltsaarbechten duerchzeféieren, ier et zu engem Accident kënnt.